All Kéier Anescht
Service national de l'éducation inclusive (SNEI)
All Kéier Anescht ass de Podcast vum SNEI fir d‘Enseignanten zu Lëtzebuerg.
All Kand ass anescht – an och de Wee duerch d'Schoul ass all Kéier anescht. Entwécklungsrhythmen, Stäerkten an Erausfuerderunge variéieren a verlaangen ugepassten Approchen.
De Podcast bitt konkret Strategien an Orientéierung fir de Schoulalldag mat Schüler mat spezifesche Besoinen.
An eiser éischter Serie, realiséiert a Kollaboratioun mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA), exploréiere mir déi vill Gesiichter vum Autismus am Bildungskontext.
- 6 episodes
- monthly
- Avg 32 min
- Luxembourgish