Skip to content
Artwork for Plottwist
TV & FilmFilm HistoryFilm Reviews

Plottwist

Winmi

Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher...

Play
  • 24 episodes
  • fortnightly
  • Avg 56 min
  • Luxembourgish
Counted on this page — what you have heard stays on this device, so it is not something the list can be paged by.
  • #39
    Dec 21, 2025 · 1 hr 10 min· Video

    Grouss Franchise, kleng Iwwerraschungen

    An dëser neier Episod vun Plottwist, eisem Filmpodcast, gi mir eemol quer duerch déi aktuell Kino- a Serienlandschaft. Vun risegen Franchise-Titelen bis bei méi kleng, perséinlech Filmer – hei ass fir jiddereen eppes dobäi. Mir schwätzen ënner anerem iwwer Avatar: Fire and Ash a wat James Cameron dës Kéier mat Pandora virhuet. Zootropolis 2 steet och um Programm an d’Fro, ob de Charme vum éischten Deel nach ëmmer funktionéiert. Mat Les enfants vont bien gi mir e Stéck méi no a méi emotional, wärend Welcome to Derry d’Stephen-King-Welt vun IT erëm opmécht. Horror-Fans kommen mat Five Nights at Freddy’s 2 op hir Käschten, an zum Schluss kucke mir op I Love LA, e Projet, dee vill méi ass wéi just e Liebesbréif un eng Stad.

  • #38
    Dec 7, 2025 · 1 hr 8 min· Video

    Timo Wagner: Säi Wee an d'Schauspillerei

    An dëser Episod schwätze mir mat dem Lëtzebuerger Schauspiller Timo Wagner iwwer säi ganze Wee an d’Schauspillerei. Hie erzielt éierlech, wéi alles ugefaangen huet, wou d’Struggle waren, a wéi hien et gepackt huet, sech an enger klenger awer ëmmer méi wichteger Filmszen duerchzesetzen. Vun deenen éischte Schrëtt bis bei professionell Produktionen – eng Rees voller Passioun, Zweifelen an Erfolleger.

  • #37
    Nov 23, 2025 · 1 hr 1 min· Video

    Del Toros Frankenstein, Make it Short & Wicked

    Dës Episod vu Plottwist féiert dech duerch dräi ganz ënnerschiddlech Filmwelten. Mir schwätzen als éischt iwwer Frankenstein vum Guillermo del Toro op Netflix – eng frësch Interpretatioun, déi vill méi Häerz huet wéi ee vu sou engem Monster erwaarde géif. Dono geet et weider mat Make it Short, der kuerzer, mee immens kreativer Sammlung vu Filmer vum Andy Bausch, déi kloer weist, wéi vill Faarf a Form d’lëtzebuergescht Kino ka bidden. An zum Schluss dréint sech alles ëm Wicked: For Good, wou mir kucken, wéi gutt d’Magie vum Musical op d’Leinwand transportéiert gouf. Eng Episod tëscht Grusel, Kreativitéit a richteg vill Film-Léift – perfekt fir all Filmfreak, dee gären e bësse méi déif an d’Matière geet.

  • Nov 9, 2025 · 1 hr 6 min· Video

    Dem Lanthimos säin Wahnsinn geet weider

    An dëser Episod schwätze mir iwwer Regretting You, The Smashing Machine, Bugonia an Welcome to Derry. Vun emotionalem Drama bis zu brutalem Sportfilm, mir huelen alles ënnert d’Lupp.

Showing 21–24 of 24 episodes