Skip to content
Artwork for PISA de Wëssensmagazin

PISA de Wëssensmagazin

RTL Télé Lëtzebuerg

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

Play
  • 20 episodes
  • monthly
  • Avg 25 min
  • Luxembourgish
  • Oct 26, 2025 · 28 min

    Verstoppt am Bësch, 26/10/2025

    Spueren aus der Vergaangenheet Wat 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich un déi schrecklech Zäit erënnert a wéi eng aner Spueren aus der Vergaangenheet een haut an eise Bëscher fanne kann.

  • Sep 28, 2025 · 27 min

    Pisa-Challenge: Missioun U-Boot, 28/09/2025

    Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier. Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

  • Jul 13, 2025 · 29 min

    Summer-Geforen, 13/07/2025

    Wéi ee gesond a sécher duerch de Summer kënnt. Wann eng Persoun erdrénkt, soll een als Laien net direkt dohi schwammen. Am PiSa weise mir wéi ee richteg reagéiert, wéi een sech viru Blëtzer schützt an et geet em d’Gefor vun Donnerwieder beim Open Air. Firwat ee lokal Donnerwieder net ëmmer ganz präzis viraussoe kann a wat de Concertspromoteur alles maache muss, dass d’Leit gesond a sécher duerch de Concert kommen. An um Stauséi erkläert e Fuerscher wéi en ëmmer méi moderne Blo-Alge-Monitoring zu méi Sécherheet beim Schwamme féiere soll.

  • May 25, 2025 · 29 min

    Wéi benodeelegt si Fraen?, 25/05/2025

    Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft. Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d’Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d’Gesellschaft vun hinne verlaangt.

  • May 4, 2025 · 29 min

    Instrument Stëmm, 04/05/2025

    Wéi ee sange léieren a seng Stëmm verléiere kann. Den Olivier Catani däerf op engem Bal vun de Providers ee Lidd sangen. Obwuel hien eigentlech guer net sange kann. Hie muss duerfir a Gesangscoursë goen. Hat awer just 8 Wochen Zäit. Wat kann e bluddegen Ufänger a kuerzer Zäit léieren? En Expert fir Stëmmstéierung erkläert firwat een no enger laanger Partynuecht gär mol hees ass. An d’Laura Thorn weist eis wéi eng Übungen elo kuerz virum ESC wichteg sinn an erzielt vum Albdram fir all Sängerin.

  • May 4, 2025 · 3 min

    Top oder Schrott?, 04/05/2025

    Dem Olivier Catani säi «Sweet Caroline». Den Olivier séngt gär, mee falsch. Hien wollt duerfir sange léieren. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun de Providers an der Gesangsproff Julie Rodesch. Hei de Video vum Olivier sengem Optrëtt op der Nouspelter Eemaischen. No just 7 Gesangsstonnen, zwou Bandprouwen an ee Soundcheck um Dag vum Concert.

  • Dec 15, 2024 · 28 min

    15 Joer Pisa !, 15/12/2024

    Mir kucken zréck an no vir. Bal 200 Sendungen an no un 1000 Reportagen. Am Pisa erkläre mir zanter 15 Joer d’Welt. Wat waren d’Highligts aus de leschte Joren. Wéi huet de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech entwéckelt. A firwat huet een am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi d’Gefill, dass d’Zäit reegelrecht verflitt.

  • Nov 24, 2024 · 26 min

    Wanterzäit ass Erkältungszäit!, 24/11/2024

    Wéi mir eis erkalen a wat wierklech hëlleft. En zolitte Schnapp. Hals- a Kappwéi. Domat sinn aktuell vill Leit geplot. Am Pisa wéi eng Medikamenter wierklech hëllefen a wéi eng een sech spuere kann. Wat an eisem Kierper genee geschitt wa mir eis mat engem Erkältungsvirus infizéieren. Firwat mir eis ëmmer rëm erkalen an u wat läit et datt d’Häre besonnesch ënnert der Männergripp leiden.

  • Oct 30, 2024 · 29 min

    (Fake) News, 30/10/2024

    Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.

  • Oct 20, 2024 · 28 min

    Challenge Energietransitioun, 20/10/2024

    Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt. Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtschaft. Ëmmer méi Elektroautoe brauchen ëmmer méi Stroum. Wéi d’Netz dat packe soll an och Privatstéit kënnen dozou bäidroen. An am LIST hirem neie Methavan gëtt ee gewuer firwat och de Biogas an der Energietransitioun eng wichteg Roll spille kéint.

  • Sep 30, 2024 · 27 min

    Everest-Challenge, 30/09/2024

    An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen. Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.

  • Jul 7, 2024 · 26 min

    Eng propper Musel muss et sinn, 07/07/2024

    Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll. D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn. Wou dee Projet genee drun ass. A firwat e wonnerschéine Waasser am Mëllerdall ganz geschwë verschwanne soll.

Showing 1–20 of 20 episodes