Skip to content
Artwork for Lëtzmeditate
Health & FitnessMental Health

Lëtzmeditate

LËTZMEDITATE

LËTZMEDITATE ass däin éischte Meditatiouns Podcast zu Lëtzebuerg, fir ee fräie Kapp.

An dësem Podcast huelen mir dech mat op eng Rees…no bannen.
Fir dech ze entspanen, fir ze reflektéieren....an e Gefill vu bannescht Rou ze fannen.

All Episod guidéiert dech op e Wee vun Selbst-Entdeckung an Achtsamkeet.
Erlaabt dir mat LËTZMEDITATE eng Paus am Alldag ze machen, fir just een Moment no dir ze kucken.

Egal obs du nach ni meditéiert hues, oder dat scho eng Zäitchen mëss….
dëse Podcast ass fir jiddereen deen e méi déift Gefill vu Bewosstsinn a Wuelbefannen wëllt erschafen.

Play
  • 14 episodes
  • Avg 11 min
  • Luxembourgish
  • S2 · E3
    Jul 12, 2023 · 15 min

    14. Solar Plexus Chakra

    An dëser zweeter Staffel schwätzen mir iwwert eis 7 Haapt Chakren. Chakra kënnt aus dem Sanskrit a bedeit "Rad" a symboliséiert eis verschidden Energiezenteren am Kierper. Mir fänken mam Wuerzel Chakra un, deen fir Sécherheet an Äerdung steet. Speaker: Aline Nowacki @aline_now Den 3. Chakra ass den Solar Plexus Chakra symboliseiert eis Kraaft, eis Stäerkt an eist Selbstvertrauen. Speaker: Aline Nowacki @aline_now Méi Infoe ob @letmeditate.lu (Facebook & Instagram)

  • S2 · E2
    Jul 11, 2023 · 16 min

    13. Sakral Chakra

    An dëser zweeter Staffel schwätzen mir iwwert eis 7 Haapt Chakren. Chakra kënnt aus dem Sanskrit a bedeit "Rad" a symboliséiert eis verschidden Energiezenteren am Kierper. Den 2. Chakra ass den Sakral Chakra, deen fir Kreativitéit, Genoss a Sexualitéit steet. Speaker: Aline Nowacki @aline_now Méi Infoe ob @letmeditate.lu (Facebook & Instagram)

  • S2 · E1
    Jul 10, 2023 · 16 min

    12. Wuerzel Chakra

    An dëser zweeter Staffel schwätzen mir iwwert eis 7 Haapt Chakren. Chakra kënnt aus dem Sanskrit a bedeit "Rad" a symboliséiert eis verschidden Energiezenteren am Kierper. Mir fänken mam Wuerzel Chakra un, deen fir Sécherheet an Äerdung steet. Speaker: Aline Nowacki @aline_now

  • S1 · E11
    Jul 10, 2023 · 8 min

    11. Dankbarkeet

    Wéi de Meister Eckhart et schonn deemools soot: “Wäre das Wort „Danke“ das einzige Gebet, das Du je sprichst, so würde es genügen.” Hei léiere mir wou fir mir alles Merci soe kënnen, amplaz eis op dat ze fokusséiere wat villäicht net sou gutt klappt. Speaker: Aline Nowacki @aline_now

  • S1 · E10
    Jul 10, 2023 · 13 min

    10. Liblingsplaaz

    Rees op déng Liblingsplaz zesumme mam Rosanna. Dëse Moment ass just fir dech…. Dofir maach dir et gemittlech a kuck wou des Rees dech hiféiert. Speaker: Rosanna Pacchioli

  • S1 · E8
    Jul 10, 2023 · 11 min

    9. Fir ee fräie Kapp

    Gedanke kommen a ginn….an et ass net ëmmer einfach mat engem “Monkey Brain” ënnerwee ze sinn. An awer kënne mir net wierklech dovunner fort lafen. An dëser Meditatioun gëss du invitéiert déng Gedanken aus enger anerer Perspektiv ze kucken. Speaker: Aline Nowacki @aline_now

  • S1 · E8
    Jul 10, 2023 · 8 min

    8. Heelungsdusch

    E klenge Wellness Moment fir alles dat eraus ze schwenke wats du netmei brauchs. Des Heelungsdusch bewierkt Wonner. Speaker: Rosanna Pacchioli

  • S1 · E7
    Jul 10, 2023 · 7 min

    7. Rees op d'Mier

    D’Rosanna begleet Iech op eng Rees op d’Mier….fir déi, déi grad e bësse Vakanz brauchen. Speaker: Rosanna Pacchioli

  • S1 · E6
    Jul 10, 2023 · 12 min

    6. Self-Love Meditatioun

    De Mathieu geet hei mat Iech op eng Rees zréck an d’Häerz. An dëser Meditatioun hues du och positiv Affirmatiounen zum Schluss, fir e klenge Self-Love Boost…..fir ni ze vergiessen dass du immens bass! Speaker: Mathieu Nowacki

  • S1 · E5
    Jul 10, 2023 · 13 min

    5. Progressiv Muskelentspanung

    Progressiv Muskelrelaxatioun hëlleft net nëmmen d'Muskelspannung ze entlaaschten…Hei léiers du och däi Kierper méi bewosst wouer ze huelen. Genéiss des Meditatioun am leien. Speaker: Rosanna Pacchioli

  • S1 · E4
    Jul 10, 2023 · 5 min

    4. Zäit fir eng kleng Paus

    Wann den Alldag bëssen hektesch gëtt, oder du brauchs einfach mol eng Paus…dann ass déi Meditatioun fir dech! Um Büro, virun enger Prüfung, oder virun engem wichtege Meeting…. 10 Minutte fir e bësse Rou ze genéissen. Speaker: Mathieu Nowacki @mat_now

  • S1 · E3
    Jul 10, 2023 · 8 min

    3. Meditatioun fir Owes

    Des Meditatioun ass ideal fir no engem laangen Dag erof ze kommen, a fir ofzeschalten. Perfekt fir virum schlofen ze lauschteren! Sweet Dreams! Speaker: Aline Nowacki @aline_now

  • S1 · E2
    Jul 10, 2023 · 14 min

    2. Meditatioun fir Moies

    E schéine gudde Moien! En neien Dag steet virun der Dier! An befier et lass geet huele mir eis ee klenge Momentche fir dech op däi Bannescht ze fokusséieren. Speaker: Aline Nowacki @aline_now

  • S1 · E1
    Jul 10, 2023 · 10 min

    1. Zréck bei däin Otem

    D’Aline fänkt des éischt Staffel un mat enger klenger Meditatioun fir zréck bei däin Otem ze kommen. Maach dir et gemittlech, am sëtzen oder am leien.... a komm nees zréck bei däin Otem. Speaker: Aline Nowacki @aline_now

Showing 1–14 of 14 episodes