Skip to content
Artwork for Fro den Affekot

Fro den Affekot

RTL Radio Lëtzebuerg

Juristesch Froen aus dem Alldag einfach erkläert

Play
  • 20 episodes
  • Avg 3 min
  • Luxembourgish
  • April 21 · 3 min

    e-Trottinetten, 21/04/2026

    Wéi schnell dierfen se fueren? Wéi eng Sanktiounen ginn et wann se net dem Gesetz entspriechen? Wien ass Haftbar?

  • March 3 · 3 min

    Kannerpornographie, 03/03/2026

    Nodeems e Buch mat pornographeschem Material mat Mineuren aus der Vente geholl ginn ass, kënnt e Rappel vun der Justiz.

  • February 24 · 4 min

    Wéi vill Stonne schaffe sinn normal?, 24/02/2026

    Kënnt den 12 Stonnendag an Däitschland? A verschiddene Parteien gëtt dat de Moment zimmlech hefteg diskutéiert. Kënnt den 12‑Stonnen-Dag zu Lëtzebuerg? An Däitschland gëtt hefteg iwwer eng Aféierung vun engem 12‑Stonnen-Aarbechtsdag an enger 48‑Stonne-Woch diskutéiert. Zu Lëtzebuerg ass dat aktuell net realistesch, seet den Affekot Maître Jean‑Jacques Schonckert am Gespréich mat RTL. Wéi gesäit d’Gesetz bei eis aus? Zu Lëtzebuerg gëllen dës Limitten: 8 Stonnen den Dag, 40 Stonnen an der Woch, maximal 10 Stonnen den Dag inklusiv Iwwerstonnen. Domat ass en 12‑Stonnen-Dag ausgeschloss. EU-Direktiv géing et erlaben – mee praktesch geet et net Eng europäesch Direktiv looss eng 48‑Stonnen-Woch zwar zou, mee de Schonckert mengt net, datt Lëtzebuerg dat iwwerhëlt. Den Dialog social an d’Tripartite géifen esou eng Reform kaum matdroen. Cadres supérieurs: eng Ausnam "Führungskräften" falen dacks net ënnert déi strikt Reegelen, mee och do gëllt: keng blann Öffnung fir méi Stonnen. Feierdeeg a Homeoffice Feierdeeg kéinte just iwwer e Gesetz ofgeschaaft ginn – „politesche Selbstmord“, seet de Maître. Leit am Homeoffice hunn déi selwecht Aarbechtszäitbegrenzungen wéi all aner. Fazit D'Gesetz gëtt de Rhythmus vir, an d’ITM kontrolléiert e strikt. „D’Aarbechter brauchen net ze fäerten, datt mer vun haut op muer méi musse schaffen.“

  • February 3 · 3 min

    Bewäertungen, 03/02/2026

    Wourunner erkennen ech Fake-Bewäertungen an op wat muss ech selwer oppassen wann ech eng Bewäertung schreiwen?

Showing 1–20 of 20 episodes