Skip to content
Artwork for Erklär&Laach

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joe

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.
Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Play
  • 20 episodes
  • fortnightly
  • Avg 1 hr
  • Luxembourgish
  • July 27 · 51 min

    Ep.139: End of Season Party

    Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht. An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt. Vill Spaass, a bis am Hierscht! DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell

  • July 13 · 1 hr 4 min

    Ep.138: Schwaarzt Summerlach

    Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen? Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee. Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.

  • June 26 · 1 hr 2 min

    Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung

    Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.

  • June 8 · 58 min

    Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen

    Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt och do.

  • May 25 · 47 min

    Ep.135: Blanne Jang Grindset

    Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.

  • May 12 · 1 hr 10 min

    Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop

    Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus Pornoe kennt. A mir liwweren, Vollprofien di mer jo awer sinn, scho Cliffhangeren op déi nächst Fold. Vläicht gëtt déi besser wi di hei. Mee warscheinlech net.

  • April 28 · 1 hr 6 min

    Ep.133: Hamster am Goldfëschglas

    An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung. De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet. Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.

  • April 13 · 56 min

    Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound

    Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten: Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen... Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol verschwonne sinn. A fir e bëssen méi wäit ze kucken: Mir schwätzen och iwwer d’Artemis-Missioun an d’Fro, firwat d’Mënschheet erëm op de Mound wëll – a firwat eng Tankstell do Sënn maache géif. Eng Episod mat Humor, Fakten an e bësse Chaos. Du weess habib

  • March 23 · 57 min

    Ep.131: Domm gelaf

    Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here). Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun Facts. Jo, an dëser Folg kann een eppes léieren, sorry dofir.

  • March 2 · 1 hr 10 min

    Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti

    An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn: Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen 4-fachen Olympionik fir Lëtzebuerg, de Raphael Stachiotti! Zesumme mat eisem Gaascht huele mir iech mat op eng Rees mat (plazeweis) Déifgang an enger gudder Schlupp Chlor.

  • February 4 · 57 min

    Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt

    Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech vill Blödsinn. Praise the lord.

  • January 19 · 1 hr 5 min

    Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt

    Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren. Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bitt: Vun Aktualitéitssujeten iwwer Chinaphobie an Existenzängscht bis bei déi meeschtgenotzten Nimm zu Lëtzebuerg. Happy new year?

  • Dec 23, 2025 · 1 hr 6 min

    Ep.127: Äddi 2025

    - Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck - Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chance. Schläicht iech fort a lauschtert verstoppt ären dräi beschte Monnien no. Mat enger gewinnter Mëschung aus schlechte Witzer, politesche Fake News an Hallewwourechten, plus dem éiwege Je-ne-sais-quoi vun eisem Dräiergespan, kréie mir d'Feierdeeg ouni Problem fir jidderee versaut. hdgl

  • Dec 8, 2025 · 1 hr 16 min

    Ep.126: TAUMEL Awards 2025

    Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish. Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!

  • Dec 1, 2025 · 1 hr 3 min

    Ep.125: Synapsekierfecht

    Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?

  • Nov 10, 2025 · 59 min

    Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land?

    Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?

  • Oct 27, 2025 · 39 min

    Ep.123: How do you do, fellow kids?

    Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn? Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir och scho laang net méi Deel vun der hipper Jugend. Schach. Matt.

  • Oct 15, 2025 · 1 hr 2 min

    Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger?

    Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen. Ooooder mir bleiwe bei eisem jorhonnerten ale Mix aus Brach, Blödsinn a Bullshit. Lauschtert eran fir rauszefannen, ob mir eis fir déi hell oder déi däischter Säit vun der Muecht entscheed hunn. Klenge musikalesche Plug: Parity - ID.

  • Oct 1, 2025 · 49 min

    Ep.121: Good Vibes Only

    Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg... Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem Inklusiounsbeoptraagte validéiert ginn!

  • Sep 22, 2025 · 58 min

    Ep.120: Erklär&Rentrée

    De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt. Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?" mat ären dräi Hosts, dem Gast Vogel jr., Raoul Roos a Joseph Bech.

Showing 1–20 of 20 episodes