Skip to content
Artwork for Ëmgefall an Ausgelaf

Ëmgefall an Ausgelaf

Danièle a Joël

E Podcast vum Danièle a Joël
E Blogger an eng Journalistin, am Gespreich.
Infoen: emgefallausgelaf.com

Play
  • 21 episodes
  • fortnightly
  • Avg 24 min
  • Luxembourgish
Counted on this page — what you have heard stays on this device, so it is not something the list can be paged by.
  • S1 · E28
    August 19 · 25 min

    Nr.28 - Stereotypesch

    Wat ass männlech? Wat ass weiblech? Wat fir Stereotyppen ginn eis ferm op d'Schlappen? Sinn se iwwerhaapt nach valabel a geheien se eis ganz Gesellschaft net zeréck? E strammt Thema a wien d'Danièle an de Joël bis elo nach net richteg kennt, hei leiert de se kennen!

  • S1 · E27
    August 5 · 27 min

    Nr.27 - Mir ginn e Patt huelen

    Eise 27. Podcast kennt an der Woch eraus wou mer Gebuertsdag hunn. Ëmgefall an Ausgelaf gëtt 1 Joer al! Wien hätt dat geduecht! Dat muss gefeiert ginn a mir ginn en anstännege Patt bei d’Tanja an den Dipso huelen. Prost!

  • July 22 · 24 min

    Nr. 26 - Am Kino: The Odyssey

    Dräi Joer nom Oppenheimer bréngt de Christopher Nolan säin nächste Film op de ganz groussen Imax Ecran . The Odyssey. Mir waren e kucken. Ass et derwäert ? Mir diskutéieren driwwer.

  • S1 · E25
    July 8 · 23 min

    Nr.25 - Idoler a Virbiller

    Wei wichteg si Virbiller? Hatte de mir der? Waren oder si mer Fan vun enger bekannter Perséinlechkeet? Wei wäit huet eis dat beaflosst?

  • June 24 · 27 min

    Nr.24 - Resilienz

    Resilienz ass zu engem Moudewuert ginn, all Mënsch schwätzt doriwwer, oft mat vill Meenung a wéineg Anung. Mir hunn en Invitée, d'Nadine Entringer, dat eis mei iwwer Resilienz erzielt a wat dat an der Psychologie genee bedeit. emgefallausgalf.com https://www.resilienzzentrum.de https://www.monikagruhl.de/buecher-autorin/ https://www.kunstmann.de/buecher/resilienz-wie-man-krisen-uebersteht-und-daran-waechst Podcast op Soundcloud iwwer Impathie. https://soundcloud.com/systelios-podcast/impathie-als-psychologisches-konzept-interview-stefanie-neubrand

  • June 10 · 32 min

    Nr. 23 - Mir hu gelies 1

    Mir hu gelies gëtt eng labber Serie wou mir dräi Bicher gelies hunn, déi eis gefall hunn. emgefallausgelaf.com Fred Vargas https://editions.flammarion.com/une-unique-lueur/9782080160713 Gisèle Pélicot Franséisch https://editions.flammarion.com/et-la-joie-de-vivre/9782080497260 Däitsch https://www.piper.de/gisele-pelicot-memoiren Emily Brontë https://www.gutenberg.org/ebooks/768 Däitsch: https://projekt-gutenberg.org/authors/emily-bront/books/umwitterte-hoehen/chapter/1/ Sturmhöhe Hörbuch WDR5 https://www1.wdr.de/mediathek/audio/wdr5/wdr5-sturmhoehe/sturmhoehe-108.html

  • S1 · E22
    May 27 · 26 min

    Nr.22 - Wuerzelen

    Sou wéi all Planz an der Natur seng Wuerzelen huet, sou kann een dat och bei Mënsch soen. Wat sinn eis Wuerzelen? Wat hu mer duerch déi mat op de Liewenswee kritt? Wéi schlëmm ass et entwuerzelt ze ginn? Elauter Froen ob déi mer versichen ze äntwerten.

  • S1 · E21
    May 13 · 27 min

    Nr. 21 - E Podcast iwwert podcasten

    Eisen Invité ass den Thierry Heles, den e vun deenen éischte Podcasteren hei zu Lëtzebuerg war. Sou steet et emol bei Wikipedia geschriwwen. An den Thierry produzéiert der nach emmer . Mir kucken zesummen op d'Ufäng. Wou kennt dat Wuert Podcast hier, wien huet dat erfonnt, a wéi realistesch ass et ze mengen dass e vu Podcaste ka liewen? emgefallausgelaf.com Links: https://lb.wikipedia.org/wiki/Podcast Lokale Radio Sender: https://www.radioaktiv106-5.org Podcasten dei erimmt ginn: https://open.spotify.com/show/7mGCMGKZfCnIxD64plAck0?si=JVUhBswyTee6SgicbH6sww https://open.spotify.com/show/7mGCMGKZfCnIxD64plAck0?si=JVUhBswyTee6SgicbH6sww https://open.spotify.com/show/4rOoJ6Egrf8K2IrywzwOMk?si=XLv7bNW2RvO9rlYYU36RlA

  • S1 · E20
    April 29 · 23 min

    Nr. 20 - Frëndschaften

    Frëndschaften ass e wichtegt Thema. Eng empiresch Studie seet, dass gutt Frënn musse minimum 200 Stonnen an dräi Méint matenee musse verbréngen. Dat ass vill! Brauch et esou vill Stonnen oder net? Wat ass eng gutt Frëndschaft? Wéi wichteg si gutt Frënn?

  • S1 · E19
    April 15 · 28 min

    Nr.19 - Mir ginn an d'Pensioun (oder och net)

    Nee, eise Podcast geet nach net an d'Pensioun. Haut hu mer en kleng Premiere, mir hunn vir d'éischte Kéier en Invité. D' Vibeke Walter vu Gero, déi gehollef huet Coachen ze forméieren, déi d'Leit begleeden, wann se an d'Pensioun ginn.E wichtegt Thema, well mat Reesen, Rauem a Raschte ass et an der Pensioun net gedoen. https://emgefallausgelaf.com Links aus dem Podcast: https://www.gero.lu

  • S1 · E18
    April 1 · 12 min

    Nr.18 - 1.Abrëll

    Jo, haut ass den éischte Abrëll a well mer soubal net mei e Podcast genee op den Dag erausbréngen, si mer e bësse wulle gaang wou dat hier kennt. De Brauch ass mei al wéi e mengt. Alles Guddes fir den Dag a faalt op näischt a keen eran! emgefallausgelaf.com

  • S1 · E17
    March 18 · 25 min

    Nr.17 - Faarwen

    Haut schwätze mer iwwer Faarwen, net an der Molerei, wou se sécherlech hier Wichtegkeet hunn, ma iwwert d'Faarwen aus eisem Alldag a wéi mir drop reagéieren. Wat ass eis Liblingsfaarf a wat fir eng net, a wéi beaflossen eis Faarwen? emgefallausgelaf.com Links: Interview a Bicher vum Michel Pastoureau https://www.editionspoints.com/auteur/michel-pastoureau/4851 https://youtu.be/vDWYAKxVyuE?is=SiDHBtOW4iuPqU2l Faarwen Test: https://youtu.be/fYz05BZO63U?is=hmY6cTO96RmrUo_B

  • S1 · E16
    March 4 · 17 min

    Nr.16 - Spréch an Zitater / Deel 2

    Mir haten op eis Episod iwwer Spréch an Zitater eng Partie Réckmeldunge kritt. An der tëscht hu mir och eng rei Spréch an Zitater gesammelt. An do ginn et der eng Hellewull mat Déieren. Deene gi mer haut mol eng Grimmel méi op de Fong.

  • S1 · E15
    February 18 · 17 min

    Nr.15 - Wat vun eis bleiwt

    Des Kéier hu mer méi en eescht Thema. Mir hunn eis Gedanke gemaach, iwwert dat wat vun eis bleift, wa mer irgendwann net mei do sinn.

  • S1 · E15
    February 4 · 25 min

    Nr.14 - Fuesend

    Haut schwätze mer iwwert déi fënneft Joreszäit. Fuesent /Karneval / Fasching. Mir zwee waren nach ni begeeschtert Fuesboken. Awer och mir gesinn, dass sech munches an deene leschte Joerzéngten verännert huet. Wat genee, a wéi Fuesent anerwäerts gefeiert gëtt, dat ass haut eist Thema.

  • S1 · E13
    January 21 · 25 min

    Nr.13 - Schéin an Ellen

    Mir ginn et zou, et ass e subjektiivt Thema. An awer bestëmmt et ganz Villes an eisem alldeegleche Liewen. Wat fanne mer schéin a wat net? A firwat? Refashioned Hippie: https://youtube.com/shorts/oQXThSsZ7V0?si=tNIAB6m0v_nEGy6Q

  • January 7 · 31 min

    Nr 12 - Musée Bonnat Helleu zu Bayonne

    Mir waren am Musée Bonnat Helleu zu Bayonne, den Enn vum leschte Joer seng Dieren no 14 Joer erëm opgemaach huet. Firwat dat esou laang gedauert huet a wat et do alles ze gesi gëtt, doriwwer schätze mer live op der Plaz an dëser Episode Fotoen: https://emgefallausgelaf.com/

  • S1 · E11
    Dec 24, 2025 · 24 min

    Nr.11 - Kaddoen

    Keng Angscht! Mir wëllen op Chrëschtdag kengem an d'Gewësse rieden dass dat villt Gekaddos net gutt ass. Awer Kaddoe maachen a kréien ass eppes wou mer vill Erwaardungen dra stiechen. Wat, wéini a wiem schenke mer eppes? emgefallausgelaf.com Erinimmte Link aus den Joël sengem Blog: https://joel.lu/2022/10/25/das-parfum-2/

  • S1 · E10
    Dec 10, 2025 · 22 min

    Nr.10 - Mir maache näischt

    Haut maache mer näischt. Dat heescht, mir maache net näischt näischt, awer mir schwätzen doriwwer wéi et ass näischt ze maachen, an ob mer dat iwwerhaapt nach kennen an eiser Welt, déi ëmmer méi a manner Zäit vun eis verlaangt. emgefallausgelaf.com https://utopia.de/ratgeber/niksen-gluecklich-sein-im-nichtstun_419230/ https://www.buddenbohm-und-soehne.de/2025/08/15/die-stunden-zwischen-hotel-und-bahnhof/ https://www.bps.org.uk/psychologist/brain-doing-lot-something-when-we-appear-be-doing-nothing

  • S1 · E9
    Nov 26, 2025 · 22 min

    Nr.9 - D‘ Ausstellung X-Ray an der Völklinger Hütte

    Mir waren d‘ Austellung X-Ray an d'Gebléisshaal vun den Völklinger Hütte kucken. Mir erziehlen Iech wat während eisem Rondgsng gesi hunn. Fotoen ginn et op emgefallausgelaf.com ze gesinn. https://emgefallausgelaf.com/ https://voelklinger-huette.org/de/ausstellungen/-/x-ray-die-macht-des-roentgenblicks/809

Showing 1–20 of 21 episodes