Skip to content
Artwork for Déi gutt Mod
Society & CultureBusinessManagement

Déi gutt Mod

Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.

Play
  • 20 episodes
  • monthly
  • Avg 42 min
  • Luxembourgish
  • #51
    August 4 · 44 min

    #44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer

    D'Céline Zimmer ass Architektin, Fuerscherin an Entrepreneurin. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vu sengem Papp, deen hatt als Kand an e Corbusier-Klouschter matgeholl huet, iwwer e Studium zu Tréier an Hamburg bis bei en Doktorat iwwer d'Wunnengskris, deen hatt bal net gemaach hätt. D'Céline erzielt, firwat véier Stonne Fokuszäit schonn e gudden Dag sinn, wéi et ass, als jonk Fra mat neien Iddie géint Maueren ze lafen a firwat Entrepreneursgeescht och e Privileeg ass. Mir schwätzen iwwer Wunnkooperativen, iwwer d'Fro, ob ee muss wëssen, ob ee Kanner wëll an iwwer dee klenge Fësch, dee mat enger falscher Floss tëschent Haie schwëmmt.

    • Transcript
  • #49
    July 14 · 34 min

    #43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro

    Mir si rëm zesummen um Mikro. Wéi war et no 5 Méint erëm op de Büro zeréckzekommen? A wéi huet sech déi Zäit virdrun ugespuert? Fir d’Lynn, dat fort war, awer och fir déi, déi an där Zäit seng d'Verantwortung iwwerholl hunn? Mir schwätzen iwwer déi éischt Wochen zréck, Brainfog, Zweifel, Vertrauen, nei Prioritéiten an d'Fro, wéi ee Verantwortung ofgëtt an erëm zeréckhëlt. Mee och doriwwer, wat et wierklech bedeit, e Betrib ze féieren a wéi dës Erfarung dem Melody en neien Abléck and'Entreprisenféierung ginn huet. Et geet ëm eis Learnings, Ängscht an d'Erkenntnis, dass dës 5 Méint eis als Ekipp verännert hunn.

    • Transcript
  • #48
    June 24 · 41 min

    #42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff

    D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest gemaach huet. D'Anne-Marie erzielt, firwat hatt zu engem Moment alles wollt zréckloossen a Kächin oder Theater studéiere goen, firwat hatt sech bei der ANIL mat engem kompletten CV als Benevole gemellt huet – a firwat eng Infirmière net automatesch eng gutt Mod ass. Mir schwätzen iwwer Generatiounskonflikter am Fleegeberuff, iwwer falsche Respekt vis-à-vis vu Medezinner*innen, a wéi säin aachtjäregt Meedchen him gehollef huet, eng besser Work-Life-Balance ze fannen. D'Podcast-Episod vu Wissen Weekly iwwer déi mir schwätzen, fannt dir hei.

    • Transcript
  • #47
    May 27 · 59 min

    #41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart

    D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet. D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an engem rauem Ëmfeld net eescht geholl ze ginn, firwat hatt dräi Kanner a véier Joer kritt an all Kéiers no kuerzer Paus erëm geschafft huet, a wéi chronesche Schlofmangel hatt iwwer Jore begleet huet. Mir schwätzen iwwer de Kloertext, iwwer d'Verantwortung vum Journalismus an Zäite vu Polariséierung, a firwat Literatur fir d'Caroline mental Hygiène ass.

    • Transcript
  • #46
    May 6 · 42 min

    #40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen

    D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat si trotz enger 60-Stonne-Woch als Direkter nach ëmmer operéiert - a firwat esou wéineg Chirurginnen sech déi Plaz huelen, déi hinne géif zoustoen. Zum Schluss schwätze mir iwwer Hyrox, Konscht an d'Fro, wéi een als Dokter léiert, eng schlecht Noriicht ze iwwerbréngen.

    • Transcript
  • #45
    March 31 · 50 min

    #39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges

    "Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach. Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien an sech nei opstellen. Doduerch si si als Famill awer nach méi enk zesummegeréckelt. Et geet em dat schlecht Gewëssen, dat een huet wann een net schafft a wat déi permanent Erreechbarkeet domat zedinn huet. An mir fannen eraus wat d'Chris besser kann ewéi d'Marielou – an ëmgedréint.

    • Transcript
  • #44
    March 10 · 52 min

    #38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch

    D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch Responsabel vun der Kommunikatioun vum COSL an huet dräi Kanner. Ernimmten Artikelen: D'Menstruatioun wärend dem Héichleeschtungssport

    • Transcript
  • #43
    January 26 · 47 min

    #37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana

    D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen. D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Originne mat Brasilie verbonnen; eng Zäit laang huet hatt Rio de Janeiro säin Doheem genannt an den Dokumentarfilm A colônia luxemburguesa iwwer d'lëtzebuergesch Minnenaarbechter a Brasilie realiséiert. Aktuell ass d'Dominique schonn um nächste Projet beschäftegt. Wéi hatt dem Melody erzielt, funktionéiert säin Alldag – trotz wéineg Schlof wéinst engem klenge Kand – mat der Hëllef vu Yoga, Meditatioun a Matcha. Ernimmten Artikelen: Social Media am jonken Alter De Projet vum Dominique Santana “A colônia luxmeburguesa” Radio Lëtzebuerg

    • Transcript
  • #42
    January 7 · 43 min

    #36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer

    D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.

    • Transcript
  • #41
    Dec 17, 2025 · 47 min

    #35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch

    Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwätze mir iwwert Iwwergrëffegkeeten op der Aarbecht, firwat de Fluchmodus heiansdo ganz hëllefräich ass a wéi d'Jessika domat ëmgeet, kee Moiesmënsch ze sinn, an dat an enger Aarbechtswelt, déi dorop ausgeluecht ass.

    • Transcript
  • #40
    Nov 26, 2025 · 44 min

    #34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort

    Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt. An dëser Episod erzielt hatt, firwat et sech lount, dem Rouegsten am Raum d’Wuert ze ginn, wéi seng Aarbecht um Ministère de l’Égalité des genres hatt laangfristeg gepräägt huet an, datt et onsiichtbar Care-Aarbecht och an Entreprisë gëtt.

    • Transcript
  • #39
    Nov 11, 2025 · 37 min

    #33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir

    An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen. D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marketingcheffin vun engem Medieverlag an als elengerzéiend Mamm, och nach e Master ofzeschléissen. Am Gespréich geet et och ëm seng Teenagerjoeren an Island an déi wichteg Roll, déi staark Frae schonn ëmmer an sengem Liewe gespillt hunn. Hei d'Artikelen déi an dëser Episod erwäänt goufen: https://journal.lu/de/die-vergessenen-50-prozent https://journal.lu/de/wie-toxische-maennlichkeit-und-queerfeindlichkeit-die-schule-erobern

    • Transcript
  • #38
    Oct 29, 2025 · 34 min

    #32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille

    De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.

    • Transcript
  • #37
    Sep 17, 2025 · 40 min

    #31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch

    An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër? Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun der Aarbechtsplaz an eng oppen Diskussioun iwwer Rollen a Verantwortung kënnen d’Betribskultur stäerken an d’Zesummenaarbecht verbesseren.
 Zousätzlech schwätze mir mat der Journalistin Maxi Pesch iwwer säi Podcast 1000 Deeg. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Kanner an den éischten 1000 Deeg fir hir Entwécklung brauchen, a wéi dat mat der Iddi vun enger nohalteger Zukunft zesummenhänkt. D’Maxi deelt seng Erfarunge beim Opbau vu senger eegener Mark, enger engagéierter Community, erkläert, firwat hat de Podcast lancéiert huet, a weist op Sujeten hin, déi nach méi staark nobausse gedroe musse ginn. Hei geet et bei de Podast: 1000 Deeg: https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=8fc5c4b6d12a4c57

    • Transcript
  • #36
    Aug 19, 2025 · 38 min

    #30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership

    An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.

  • #35
    Jul 22, 2025 · 42 min

    #29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)

    Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.

  • #34
    Jun 17, 2025 · 1 hr 7 min

    #28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)

    Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“ Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill? Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet d’Luxembourg Tech School mat opgebaut, erzielt eis vu sengem ongewéinleche Wee vun der Finanzen an de Kultursecteur, bis hin zum Opbau vun enger innovativer Schoul fir Jonker an der Tech-Welt a beweist, dass eng Karriär net ëmmer linear muss sinn. Mir schwätzen iwwert finanziell Sécherheet an aner Ängscht déi opkomme wann een iwwert e Beruffswiessel nodenkt an et ginn e puer Tipps, wéi ee sech op sou e Changement preparéiere kann.

  • #33
    May 27, 2025 · 27 min

    #27 Humor op der Aarbecht

    Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz. Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war iwwerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patientin, déi him erzielt huet, wéi et ass, eng Krankheet ze hunn, déi d’Gesellschaft just mat eelere Mënschen verbënnt an d’Lynn war op europäeschem Terrain ënnerwee. Hei geet et bei den Artikel ronderëm jonk Parkinson-Patient*innen: https://journal.lu/de/parkinson-mit-40-kein-einzelfall

  • #32
    Apr 1, 2025 · 40 min

    #26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom

    Mir schwätzen iwwert Peoplemanagement an dat Gefill, de ganzen Dag näischt geschafft ze hunn. An et geet ëm Prokrastinatioun. Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen. Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • #31
    Mar 10, 2025 · 18 min

    #25 Systemperfektionismus

    D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter. D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder System. Mir brauchen dech! Du interesséiers dech fir Audio- oder Videoproduktioun oder kenns een*t, deen dat géif spannend fannen? Da mell dech mat engem CV an enger Lettre de Motivation bei melody.hansen@journal.lu oder lynn.warken@journal.lu a verbréng däi Summerstage mat eis!

Showing 1–20 of 20 episodes