Skip to content
Artwork for Coachseet
SportsBasketball

Coachseet

Maggy an Anne

Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren.
Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.

Play
  • 20 episodes
  • monthly
  • Avg 46 min
  • Luxembourgish
  • S1 · E20
    August 21 · 49 min

    Episode 20: Arrogant oder just selbstbewosst?

    An eiser 20. Episod schwätzen mir iwwert d’Fro: Wéini ass een eigentlech selbstbewosst – a wéini wierkt een einfach arrogant? Mir kucken och, firwat Selbstbewosstsinn bei Männer a Fraen heiansdo ganz anescht ugesi gëtt. Ausserdeem schwätze mir iwwert d’U16-EM bei de Meedercher, déi grad zu Lëtzebuerg gespillt gëtt, a wat do alles lass ass. A well Lëtzebuerg natierlech seng eege speziell Sprooch huet, probéiere mir och e puer Lëtzebuerger Wierder a Spréch erauszefannen a kucken, wat se eigentlech bedeiten.

  • S1 · E19
    July 24 · 49 min

    Episode 19: Ouni Club – Wéi geet een domat ëm?

    An dëser Episod schwätzt d'Maggy driwer iwwer eng vun de schwieregste Phasen an hirer Karriär. Nodeems mir an der leschter Episod kuerz ugedeit haten, datt si hire Club verléisst, geet et dës Kéier méi an den Detail. Wéi ass et, ouni Club an eng nei Saison ze goen? Wéi vill Drock mécht esou eng Onsécherheet mental? A wéi bleift een motivéiert, wann d'Zukunft nach net feststeet? D'Maggy erzielt oppen iwwer hir aktuell Situatioun, d'Erausfuerderungen, déi domat verbonne sinn, an hir Hoffnungen op dat, wat nach kënnt. Eng éierlech a perséinlech Conversatioun iwwer de Basketball, mental Gesondheet an d'Realitéit hannert dem Sport.

  • June 11 · 53 min

    Episode 18: Keng Off-Season fir de Kapp

    An dëser Episod starte mir mat engem Réckbléck op mäi (Anne) Basketstage zu Barcelona. Ech erzielen vu mengen Andréck, den Trainingen, der Atmosphär an allem wat ech aus dëser Erfarung matgeholl hunn. Och wann d'Maggy dës Kéier net mat dobäi war, gouf et genuch Geschichten ze deelen. Duerno schwätze mir iwwert en Thema, dat all Sportler kennt: Drock. Firwat verschwënnt en eigentlech ni? Egal ob an der Saison, an der Off-Season oder virun engem neie Kapitel – et gëtt ëmmer Erwaardungen, Ziler an Onsécherheeten, mat deenen ee muss ëmgoen. An deem Kontext komme mir och op d'Dokumentatioun vum Rafael Nadal zeréck. Mir deelen eis Gedanken zu senger Mentalitéit, senger Aarbechtsethik an dem Ëmgang mat Drock op héchstem Niveau, an diskutéieren, wat mir als Sportler dovunner léiere kënnen. Zum Schluss gëtt et méi perséinlech: D'Maggy schwätzt iwwer hir aktuell Situatioun an den Drock, deen domat verbonnen ass. Nodeems sech erausgestallt huet, datt et net wéi geplangt zu Saarlouis weidergeet, steet si virun enger onsécherer Zäit voller Froen an Entscheedungen. Eng éierlech Conversatioun iwwer d'Realitéit hannert dem Profi-Sport a wat geschitt, wann d'Zukunft nach net feststeet. Eng Episod iwwer Erfarungen, Mentalitéit, Drock an d'Ongewëssheeten, déi de Sport mat sech bréngt

  • May 30 · 53 min

    Episode 17: Lëtzebuerger Basket am Fokus: Gläichberechtegung, nei Reegelen an All-Star Vibes

    An dëser Episod setze mir de Fokus op de Lëtzebuerger Basket. Mir diskutéieren iwwer d'Iwwerdroung vum Häre-Match op RTL an d'Fro, firwat de Basket vun den Dammen net déi selwecht Visibilitéit krut. Eng Diskussioun iwwer Gläichberechtegung, Mediepräsenz an d'Entwécklung vum Basket zu Lëtzebuerg. Donieft schwätze mir iwwer eng nei Regel, déi rezent decidéiert gouf, a wat si fir d'Spiller, Veräiner an de Championnat bedeite kéint. Zum Schluss geet et ëm den All-Star Game, wou mir als Coachen dobäi sinn, a mir deelen eis Andréck an Erfarungen. Eng Episod mat aktuelle Themen, éierleche Meenungen a vill Passioun fir de Lëtzebuerger Basket.

  • April 24 · 47 min

    Episode 16: Update eis Season ass eriwer

    An dëser Episod schwätzen d’Maggy an ech, d’Anne, iwwert d’Enn vun eiser aktueller Saison. Mir kucken zeréck op déi lescht Méint, deelen eis Erfarungen, Highlighten an och d’Erausfuerderungen, déi mir erlieft hunn. Ausserdeem schwätze mir driwwer, wat fir eis an der nächster Saison usteet – eis Ziler, Motivatioun an op wat mir eis am meeschte freeën. Natierlech geet et och ëm de Summer: wéi mir eis Zäit plangen, wéi eng Traininger mir maachen an wéi mir eis optimal op déi nächst Saison erem virbereeden. Eng entspaant an éierlech Episod iwwert Sport, Entwécklung an d’Freed um Weiderkommen.

  • April 9 · 50 min

    Episode 15: Mir sin zeréck: 2 Méint Paus & alles wat geschitt ass...

    No enger Paus vu ronn 2 Méint si mir endlech zeréck 🎙️ An dëser Episod huele mir eis Zäit fir alles nozeschaffen, wat an där Zäit geschitt ass. Mir schwätzen iwwert eis eege Basketball-Saison, déi elo fir d'Anne eriwwer ass, zéien e klore Fazit a deelen eis Erfarungen während eiser National Ekipp Paus mat Iech mat. Donieft kucke mir och op d’Playoffs, wou d’Maggy nach voll am Rennen ass, a ginn eis Meenung zu de Matcher an de Chancen. Natierlech komme mir och op eis Nationalmatcher zeréck, déi mir virun e puer Wochen gespillt hunn – mat all den Highlights, Learnings an Emotiounen, déi dozou gehéieren. Eng locker Episod mat vill Basketball-Talk, Réckbléck an e bësse Bléck no vir.

  • February 12 · 42 min

    Episode 14: Vun der Virbereedung bis zur Victoire - mam Cathrin Wolff

    An dëser Episod schwätze mir mat der Cathrin Wolf iwwert d’Final vun der Coupe du Luxembourg am Fraenbasket. Mir kucken zeréck op d’Virbereedung, d’Emotiounen nom Ofpiff an d’Feierlechkeeten – an natierlech och op dat nächst grousst Zil: den Doublé

  • January 29 · 50 min

    Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser

    Am Podcast vum Maggy an Anne schwätze mir oppen iwwert dat, wat vill betrëfft mee nach ze dacks ënner den Dësch gefall gëtt: Stress am Alldag, Ongläichheet tëscht Fraen a Männer, an och iwwert e Sujet, deen nach ëmmer tabuiséiert gëtt – d’Reegel. Mat Éierlechkeet, Humor an perséinlechen Erfarunge hannerfroe mir gesellschaftlech Normen, de Mental Load, an firwat Frae sou dacks „méi matdroen“. En Podcast fir ze nodenken, ze laachen an ze mierken: du bass net eleng.

  • January 8 · 38 min

    Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp

    An dëser Episod schwätze mir, d’Anne an d’Maggy, iwwert déi Momenter, déi net ëmmer einfach sinn: wann d’Ekipp verléiert. Mir deelen eis Erfarungen a schwätzen doriwwer, wéi Traineren an esou Situatioune reagéieren, wéi sech den Toun an d’Atmosphär änneren, a wéi dat d’Ekipp als Ganzt beaflosst. Et geet ëm Frustratioun, Drock, Kommunikatioun – mee och ëm Zesummenhalt, Léieren a Respekt. Eng éierlech Diskussioun iwwert dat, wat nom Verléiere geschitt, a wéi wichteg de richtege Ëmgang an esou Momenter ass.

  • Dec 18, 2025 · 49 min

    Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis

    An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.

  • Dec 4, 2025 · 42 min

    Episode 10 : Déi legendär Episod déi souwisou keen lauschtert

    An dëser Episode schwätze mir e bëssen iwwer Basket – jo, och wann eis Zuschauerzuelen éischter wéi eng Preseason-Statistik ausgesinn. Mir huelen eis selwer net ze sérieux a maachen e klenge Geck driwwer, dass mer net méi vill Leit hunn, déi eis nolauschteren… mee déi, déi do sinn, si wéi ëmmer déi Bescht! Duerno dréine mir d’Blat ëm an tauchen an d’Chreschtdaagsstëmmung eran. Mir schwätzen iwwer eis eege Traditiounen, wéi mir d’Feierdeeg verbréngen, wat fir Ritualer fir eis wichteg sinn an natierlech iwwert dat wichtegst: Iessen, Famill a gutt Stëmmung. Eng gemittlech Episod mat Humor, e bëssen Nostalgie an engem Touch Holiday Spirit – perfekt fir an d’Stëmmung ze kommen!

  • Nov 22, 2025 · 41 min

    Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition

    An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat erliewt hunn, fir se ze gleewen. En anere grousse Punkt an der Episode ass den Trainerwiessel. Mir kucken dorop zréck, wéi dat intern eriwwerkomm ass, wéi sech d’Dynamik verännert huet, an natierlech fale mir och e puer humorvoll Anekdoten iwwer eis Traineren – well ouni déi géif et jo guer kee richtege Behind-the-Scenes ginn.

  • Nov 7, 2025 · 42 min

    Episode 8: Wei wichteg ass d'Ënnerstetzung vun den Eltere wann een et weit packe well?

    Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.

  • Oct 23, 2025 · 43 min

    Episode 7: EuroCup - Training, Matcher an déi laang Reesen

    An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'erhalen, och wann de Rhythmus haart ass.

  • Oct 2, 2025 · 54 min

    Episode 6: Zwee verschidden Weeër, een Zil: Profisportler

    An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.

  • Sep 18, 2025 · 1 hr

    Episode 5: Mental Health am Fokus

    An dëser Episode schwätze mir, iwwer d’Roll vun der mentaler Gesondheet am Sport. Zumols d' Maggy deelt seng eege Erfahrungen, wéi hat mat senger Verletzungen ëmgaange ass a wéi wichteg et ass, net nëmmen de Kierper, mee och de Kapp ze stäerken. Mir diskutéieren, wéi mental Coaching hëllefe kann, erëm Vertrauen ze fannen, a wéi vill d'Ënnerstëtzung vum Team an der Famill bedeit. Zousätzlech schwätze mir driwwer, wéi mir Strategien entwéckelen, fir Stress a mentalen Drock ze meeschteren – an d’Wichtegkeet vum oppene Dialog, fir sech net eleng ze fillen.

  • Aug 28, 2025 · 35 min

    Episode 4: Trainerwiessel bei der Fraenekipp - Wat bedeit dat fir eis?

    An dëser Episode schwätze mir iwwert eis Preseason: wéi mir eis agelieft hunn, mat wat fir klengen a grousse Problemer mir konfrontéiert waren – vum Auto deen nach net prett war bis bei Saachen déi am Appartement gefeelt hunn. Donieft huele mir och d’Ännerungen an der FLBB ënnert d’Lupp, dorënner de wichtegen Trainerwiessel bei den Dammen. Lauschter eran fir eis Insights a fir en éierleche Bléck hannert d’Kulissen vun der Fraenekipp!

  • Aug 14, 2025 · 47 min

    Episode 3: Pre-Season Talk & Erënnerungen un eis Saison zesummen zu Saarlouis

    An eisem Gespréich erzielen mir, wéi mir eis dëse Summer fit gehalen hunn – bal all Dag an der Hal, bal keng richteg Paus, ëmmer um Ball bliwwen. Mir schwätzen doriwwer, wéi eng Ziler mir eis gesat hunn a wéi et elo erëm zréck an de Veräin geet. Donieft erënnere mir eis un d’Zäit, wou mir zesummen zu Saarlouis gespillt hunn – mat villen witzegen Momenter. A mir schwätzen och iwwer d’Erfarunge mam Coach am leschte Joer, wou mir net an der selwechter Equipe waren, mee alleng an eisem Veräin – wéi en drop reagéiert, wann am Training gelacht gëtt, an datt et heiansdo bal e bëssen ze seriö gëtt… mee mir fannen ëmmer eng Manéier, fir Humor an d’Spill ze bréngen.

  • Jul 31, 2025 · 39 min

    Episode 2: Wou geet den Basket zu Lëtzebuerg hin?

    An dësem Episod hu mir mol serieux geschwat: Wéi steet et ëm de Basket zu Lëtzebuerg? Mir kucken op d’Entwécklung (oder de Manktem dovunner), schwätzen iwwert d’Struktur am Sport, d’Roll vu Vereiner – mee och iwwer eng Thema déi dacks ënner de Teppech gekéiert gëtt: Wéi gesäit et mat der Mentalitéit an der Astellung vun de jonke Spillerinnen aus?

  • Jul 17, 2025 · 33 min

    Episode 1 : Wien si mir & firwat e Podcast?

    An der éischter Episode stelle mir eis vir - Dir kritt en Abléck an eist sportlech Liewen, wéi mir iwwerhaapt op d’Iddi komm sinn, zesummen e Podcast ze starten, a wat dir an de nächsten Episode kënnt erwaarden. Ob Dir selwer am Basket sidd oder einfach gäre méi hannert d’Kulisse vu passionéierte Sportler kuckt – dëst ass den Ufank vun eiser Rees.

Showing 1–20 of 20 episodes