
Vum éischte Salaire bis zur finanzieller Fräiheet: Gutt Gewunnechte mat Suen vun Ufank un
Déi éischt Paie fillt sech no Fräiheet un. Mee tëscht Steieren, lafenden Ausgaben, Spueren an neie finanzielle Méiglechkeete ginn et awer e puer Saachen, op déi ee soll oppassen. An dëser Episod schwätze mir mam Laurent Schweitzer vun der Banque Raiffeisen iwwert den Ufank vum Beruffsliewen an déi finanziell Decisiounen, déi mat der éischter Paie op een duerkommen. Zesumme kucke mir, op wat ee beim éischte Salaire an um éischte Paiziedel oppasse soll, firwat et sech lount, seng eege Finanzen ze verstoen, a wéi einfach Gewunnechte beim Budgetiséieren a Spueren dobäi hëllefe kënnen, de Grondsteen fir eng selbstbestëmmte finanziell Zukunft ze leeën. An dëser Episod schwätze mir doriwwer: Op wat ee beim éischte Salaire an um éischte Paiziedel oppasse soll; Wéi e Budget hëlleft, déi eegen Ausgaben matzukünftege finanziellen Ziler an Aklang ze bréngen; Firwat sech grad beim Start an d'Beruffslieweneng Steiererklärung oder een Décompte Annuel loune kann. Richteg mam éischte Salaire ëmzegoen heescht net, sech permanent anzeschränken. Et heescht, bewosst ze decidéieren, wouhin déi eege Sue fléissen an dofir ze suergen, dass een Deel dovun an déi Zukunft investéiert gëtt, déi een sech opbaue wëll. Fir all déi, déi grad an d'Beruffsliewe starten an och fir all déi, déi besser finanziell Gewunnechten entwéckelen a méi bewosst mat hire Suen ëmgoe wëllen.





