Skip to content
Artwork for 35M Elevator Pitch
TV & FilmFilm InterviewsFilm Reviews

35M Elevator Pitch

35M Films

We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! 

Play
  • 20 episodes
  • Avg 1 hr 4 min
  • English

Support the show

Goes straight to the publisher. podnod takes nothing.

  • April 3 · 1 hr 13 min

    FRED NEUEN – Parallel Welten 🇱🇺

    Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit. Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Filmer gemaach als Regisseur a Produzent, mee och Telés Programmer, Musiksvidoen, Reklammen, huet Produktiounsfirme gegrënnt, kreéiert Video Spiller a produzéiert VR Projeten. Als Kréinung ass en dann och nach de President vun der Filmakademie. Also ganz éierlech, keng Anung wéi deen Typ dat mécht, fir alles ännert een Hutt ze bréngen. E Geheimtipp schéngt ze sinn, och als Erwuessenen net ze vergiesse, vu wat een als Kand gedreemt huet. An do war am Fall vum Fred vill lass, wéi een sech ka virstellen. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • March 6 · 1 hr 13 min

    SASCHA LEY – Ni opginn! 🇱🇺

    D’Sascha Ley ass sou villsäiteg wéi een als Performer nëmme ka sinn – hatt ass grad sou douéiert als Sängerin a Komponistin, wéi och als Schauspillerin, souwuel op der Bühn wéi virun der Kamera. Also, ech sinn e mega Fan. An dat net réischt zënter, dass ech d’Chance hat mat him ze schaffen op eisem leschte Kuerzfilm „Backstage“ – wou hatt rëm op en Neit bewisen huet, wat fir eng couragéiert Schauspillerin hatt ass, déi sech traut bis zum Äussersten ze goen. D’Sascha erzielt eis wat fir en Afloss Indien op seng kënschtleresch Sensibilitéit hat – wéi een op dee Punkt kennt, sech selwer z‘akzeptéiere wéi een ass – a wéi fir hatt e schrot Akzident zou engem entscheedende Moment gouf, deen hatt op de Wee vun der Konscht gefouert huet. Wisou et huet missen d’Sascha sinn an eisem Kuerzfilm „Backstage“, a keen anert – dat beschwätze mer an dëser Episod. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • February 6 · 1 hr 17 min

    JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺

    Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo. Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht. De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim Lafosse presentéiert huet. Am „Six Jours ce Printemps-là“ huet eise Jules nämlech eng vun den Haaptrollen dierfe spillen. Natierlech musse mer awer och iwwert déi News schwätzen, déi iwwert de Joachim wärend dem Dréi erauskomm sinn, an säin – soe mer – problematescht Behuelen op Tournagen an der Vergaangenheet uprangeren. Wéi dem Jules seng Erfarung mat him war – a wisou hien an der Lycée’s Zäit aus der Schoul geflunn ass – dat erzielt hien eis an dësem Interview. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Apr 4, 2025 · 1 hr 14 min

    EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem 🇱🇺

    D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass. D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen. Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren... Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Mar 14, 2025 · 1 hr 11 min

    HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn 🇱🇺

    D'Hana Sofia (moment, ass dat iwwerhaapt säi richtege Numm!?) ass weltwäit gutt ennerwee. Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Zu Letzebuerg huet et éischt Schrett gemaach mat der Sitcom "Comeback", wärend hatt a Portugal duerch eng Telenovela engem Milliounepublikum bekannt ginn ass. Haut schwätze awer iwwer seng neiste Roll am actionräichen ZDF Thriller "Flucht aus Lissabon" wou hatt un der Säit vum "Bergdoktor" Hans Sigl drop lass geballert huet. Wat dat mat engem mécht, wann een als Schauspiller permanent am Zentrum vun der Opmierksamkeet steet – a wat ass, wann dat op emol ophält – doriwwer ënnerhaale mer eis ennert anerem mam Sofia. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Mar 8, 2025 · 1 hr 2 min

    CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefällt 🇩🇪

    Unser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina Schaffer Welten erschafft. Mit Christina unterhalten wir uns über wie wichtig es ist, unsere Kreativität immer wieder neu zu definieren – Dass der Weg zu einem gewünschten Ziel, nicht immer eine gerade Linie ist – und warum wir uns, voller Nostalgie, in vergangene Epochen zurück träumen. Ein spannendes Gespräch mit einer inspirierenden Frau. Viel Spaß mit der Production Designerin Christina Schaffer. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Feb 14, 2025 · 1 hr 15 min

    ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam Oscar 🇱🇺

    And the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet. Mam Alex ënnerhalen mer eis iwwert den Ënnerscheed tëschent Animatioun a Live Action, respektiv wat déi zwou Konschtforme gemeinsam hunn; a wéi eng Animatiounsfilmer eis an der Kandheet iwwelst traumatiséiert hunn. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Jan 24, 2025 · 1 hr 9 min

    ULI SIMON – Kleider machen Leute 🇩🇪

    Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an die vielen Stars, die sie über die Jahre hinweg an– und auch ausgezogen hat... Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Jan 3, 2025 · 1 hr 16 min

    ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz 🇱🇺

    "Hors d'Haleine" ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft. Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafra Duo waren, mee gläichzäiteg doheem Papp a Mamm vun engem klenge Bouf. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Dec 13, 2024 · 56 min

    JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fort 🇱🇺

    Ugefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt. Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un den Theater eruféiert. Dat wëll awer net heeschen, dass een net och ka fir Präisser op internationale Film Festivallen nominéiert ginn. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Nov 29, 2024 · 1 hr 1 min

    Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! 🇬🇧

    "QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER. We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet. Created to inspire new approaches to filmmaking in a rapidly changing world, the "Quickies" series welcomes both emerging talents and established filmmakers, encouraging bold and unconventional storytelling through innovative ideas in content and form. This conversation was recorded with a live audience at the Cinémathèque du Luxembourg on November 14th 2024. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Nov 22, 2024 · 54 min

    ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these years 🇱🇺

    Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt. Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir den Andy e Gank erof ze schalten! Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Nov 8, 2024 · 1 hr 10 min

    ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus! 🇱🇺

    Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf. Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënnt an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass... Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Nov 6, 2024 · 40 sec

    35M Elevator Pitch | RTL PLAY – Trailer

    Elo op RTL PLAY! E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. play.rtl.lu/shows/lb/35m-elev... 35mfilms.com/podcast Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Jun 28, 2024 · 1 hr 5 min

    THIERRY FABER – D'Handwierk vum Storytelling beherrschen 🇱🇺

    Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuerd, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film. Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet. Mir schwätze mam Thierry iwwert dësen onerwaarte Succès; wéi hie mat Kritik ëmgeet; wéi wäit hie geet an der Recherche... a wéini kennt endlech déi 3. Staffel vu "Capitani" eraus, Thierry!? Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Jun 14, 2024 · 1 hr 4 min

    GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen 🇱🇺

    De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps. Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et wichteg ass kleng Karriärs-Schrëtt ze maachen, fir seng Kreativitéit net duerch ze vill Geld ruinéieren ze loossen. D'Gespréich mam Govinda ass eent op dat mir eis scho laang freeën. Hien ass ee vun den intressantsten an intelligentste Kënschtler zu Lëtzebuerg, mat deem et onméiglech ass e langweilegt Gespréich ze féieren. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • May 10, 2024 · 1 hr 6 min

    KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters 🇱🇺

    Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi. De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet. Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Apr 26, 2024 · 1 hr 1 min

    LUKAS GREVIS – Einfach just maachen! 🇱🇺

    De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen. Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet. Wat no baussen immens inspiréierend wierkt, huet awer säi Präis. De Lukas huet geléiert heiansdo e Gang erof ze schalten, an sech net fir seng Passioun selwer ze zerstéieren. "D'Land am Schiet" Trailer: https://youtu.be/gLEJ1YbuKhQ Lukas Grevis Vimeo Channel: https://vimeo.com/user37476509 Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Apr 5, 2024 · 57 min

    JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet. De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator. De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen! Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

  • Mar 22, 2024 · 1 hr 15 min

    ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet. D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen. D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren . Wou hatt dee Courage hierhëllt – a wéi schwéier et ass op Lëtzebuergersch witzeg ze sinn – dat verréit eis d'Anne an dësem Gespréich. A mir hu gutt gelaacht... wéi een sech ka virstellen! Support the show Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don: www.35mfilms.com/podcast-donate Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas Instagram: @35mfilms www.35mfilms.com

Showing 1–20 of 20 episodes