Skip to content
Artwork for Zeenewiessel
Zeenewiessel · November 9

Portrait 02: Paule

D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Engten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonne vun England duerch den Äermelkanal a Frankräich ze schwammen. Och d’Strooss vu Gibraltar tëschent Spuenien a Marokko huet si gemeeschtert, grad ewéi de Catalina-Kanal a Kalifornien. Mee dann, am August 2025, ass bei enger Qualifikatioun op eemol näischt méi gaangen. No 10 Minutte klëmmt si aus dem Waasser a si weess: Zeréck an d’Waasser wëllt si net méi. Am neien Zeenewiessel-Portait geet et ëm Stuerheet, Identitéit an ëm d’Fro: Wat kann een aus enger perséinlecher Kris léieren? Realisatioun, Opnam, Montage a Mix: Jamie Reinert. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jo Diseviscourt, Ingo Dumlich, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

0:00Duration unknown

transcript

No transcript — this publisher did not publish one.

show notes

D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Engten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonne vun England duerch den Äermelkanal a Frankräich ze schwammen. Och d’Strooss vu Gibraltar tëschent Spuenien a Marokko huet si gemeeschtert, grad ewéi de Catalina-Kanal a Kalifornien. Mee dann, am August 2025, ass  bei enger Qualifikatioun op eemol näischt méi gaangen. No 10 Minutte klëmmt si aus dem Waasser a si weess: Zeréck an d’Waasser wëllt si net méi. 

Am neien Zeenewiessel-Portait geet et ëm Stuerheet, Identitéit an ëm d’Fro: Wat kann een aus enger perséinlecher Kris léieren?  

Realisatioun, Opnam, Montage a Mix: Jamie Reinert. 

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jo Diseviscourt, Ingo Dumlich, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany an Tessy Troes.

Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu