
transcript
show notes
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen.
Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh".
Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi.
Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?


