
transcript
show notes
An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie.
Donieft geet et och ëm Dram-Sponsorings, onerwaarte Film-Favoritten a Gossip aus der Gaming-bubble.
Mat dobäi si Bieren, Otteren a Wëllef an och ugeknabbert Miwwelen, en aunt assault am "Atelier" an d'ënnerschätzt Hobby Frisbee.
Investigativ ewéi ëmmer gëtt journalistesch nees alles erausgeholl: Huet d'oppe Schwemm vision? Ass bei engem Veganer eigentlech all Beef fake? A wéi een Instagram life hack gëtt et, fir red flags ze erkennen?


