transcript
show notes
D’Rentrée steet virun der Dier, an domat wäert och de Verkéier op de Lëtzebuerger Stroossen nees däitlech zouhuelen. Wéi gutt ass den nationale Stroossereseau dorop virbereet, wou ginn et aktuell nach Schwaachstellen a wéi staark hunn eigentlech déi héich Temperaturen aus de leschte Méint de Stroossebelag belaascht? Mir hu beim Direkter vun der Administration des ponts et chaussées, Roland Fox, nogefrot.