Skip to content
Artwork for Moiesstudio
Moiesstudio · Friday

Mat 1 PS duerch de Bësch

Wann een dëser Deeg am Bësch ënnerwee ass, dann héiert ee manner d’Villercher päifen, mee éischter d’Geknadders vu Motorseeën – op ville Plaze sinn d’Bëschaarbechter amgaang mat schaffen. Deels mat schwéiere Maschinnen, deels awer och mat Hëllef vu Véierbeeneger: D’Ardennerpäerd ginn nees ëmmer méi dacks agesat, fir de Mënsch bei den Aarbechten am Bësch ze ënnerstëtzen. De Kompetenzzenter fir Schaffpäerd op der Robbesscheier zu Munzen suergt dofir, datt dat joerhonnertenaalt Wëssen iwwer d’Schaffe mat de Kalblidder virugi gëtt. Den Haaptresponsabele Charel Braquet huet d’Paule Rodesch op der Robbesscheier mat bei d’Päerd geholl, fir déi Aarbecht méi genee ze erklären.

0:00Duration unknown

transcript

No transcript — this publisher did not publish one.

show notes