transcript
show notes
D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e weidere groussen Numm annoncéiert.