Skip to content
Artwork for Fënster Op
Fënster Op · April 12

Paraguay

Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien. D’Land gëtt duerch de Floss Río Paraguay an zwou grouss Regioune gedeelt. Am Oste läit déi méi fruchtbar Géigend, wou déi meescht Leit wunnen a wou Landwirtschaft bedriwwe gëtt. Am Weste läit de sougenannte Gran Chaco, eng dréchen an dënn besidelt Regioun mat vill Natur a wéineg Stied. Paraguay huet offiziell zwou Landessproochen: Spuenesch a Guaraní, eng indigene Sprooch, déi nach haut vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geschwat gëtt. Wirtschaftlech ass virun allem d’Waasserkraaft wichteg. Paraguay huet zesumme mat Brasilien ee vun de gréisste Staudämm vun der Welt, den Itaipú Dam, an exportéiert vill Stroum an d’Nopeschlänner. Onofhängeg ginn ass Paraguay am Joer 1811 vu Spuenien, an haut liewen do ronn 7 Millioune Mënschen. D’Haaptstad vum Land ass Asunción. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Pedro Acosta an der Edit Malocevich Gimenez.

0:00Duration unknown

transcript

No transcript — this publisher did not publish one.

show notes

more episodes

All episodes